Ee Feeler an engem gedréckte Programmheft huet nawell fir vill Amusement a Reaktiounen um Social Media vum estneschen Dirigent Paavo Järvi gesuergt. Dee gouf nämlech bei sengem Optrëtt mam Tonhalle Orchester Zürich amplaz vu "Paavo Järvi" als "Jaavo Pärt" programméiert. Hei huet een sech verdoen an den Dirigent iertemlecherweis mam estnesche Komponist Arvo Pärt verwiesselt.
Op Social Media reagéiert de Stardirigent mat de Wieder "Ech hu mech dofir entscheet, mäin Numm mat Effet immediat ze änneren. Merci fir är Opmierksamkeet an dësem Uleies". Natierlech ass et just een humorvolle Witz!
Seng Fans hunn dës Reaktioun an de Schreiffeeler awer mat engem Laachen a sëllege Kommentarer gefeiert.