De schweedeschen Dirigent ass mam japanesche Praemium Imperiale Präis fir seng laang Karriär ausgezeechent ginn. Gelueft gëtt dobäi seng Vitalitéit: seng Interpretatiounen hätte mam Alter ëmmer méi e staarkt Gefill fir Perspektiv ausgedréckt an hien hätt en Talent dofir, bekannte Wierker op eng frësch Art a Weis a mat vill Weisheet ze interpretéieren.
Den Herbert Blomstedt feiert nächst Joer säin honnertste Gebuertsdag an hat säin Debut 1954 mam Philharmoneschen Orchester Stockholm, ee vun deene bedeitendsten Orchesteren a Skandinavien. De Präis ass de musikalesche Pendant zum Nobelpräis an existéiert zanter 1989. Dee gëtt all Joer vun der Japan Art Association organiséiert an zeechent fënnef verschidde Kategorien aus: an der Molerei, Skulptur, Architektur, am Theater/Film an an der Musek. D'Gewënner:inne vum Präis si Kënschtler:innen, déi duerch hir Leeschtung an hiren Afloss d’Weltgemeinschaft beräichert hunn.