Et sinn onroueg Deeg hannert de Kulisse vum Boston Symphony Orchestra, deen déi lescht Wochen ëmmer nees an der Aktualitéit optaucht.
Ufank Mäerz zum Beispill war bekannt ginn, datt de Conseil d’Administration vum Boston Symphony Orchestra de Kontrakt vum aktuelle Chefdirigent Andris Nelsons net méi verlängert. An dat no enger 13-järeger erfollegräicher Zesummenaarbecht. Firwat déi Nouvelle sou grouss Welle geschloen hat, loung un zwou Saachen: engersäits koum dës Ukënnegung zimmlech iwwerraschend, anerersäits soll et eng ondemokratesch Decisioun gewiescht sinn, déi de Chef vum Conseil d’Administration selwer duerchbruecht huet. D'Museker vum Orchester goufe weder gefrot, nach am viraus informéiert.
Zënterdeem weisen sech d'Orchestermusekerinnen a Museker och onzefridde mat där Decisioun. Souvill, dass elo ee méigleche Streik déi nächst Warnstuf kéint sinn. Dat geet aus vuneneen onofhängege Quellen ervir.
Grond wieren aktuell Onstëmmegkeete mat den eenzelne Kontrakter vun de Musekerinnen a Museker, de Paien an d’Recht op d’Méiglechkeet bei Ännerungen oder der Programmgestaltung matschwätzen ze kënnen. Aktuell Verhandlunge mat der Spëtzt an dem Orchester géife lafen, d’Deadline vun den auslafenden Tarif-Kontrakter wier duervir esouguer 48 Stonne verlängert ginn. Nei Deadline soll deemno haut sinn.
Ee Streik ass also nach ëmmer net vum Dësch. Dat wier iwweregens deen éischte Streik an der Geschicht vum Orchester, deen et elo ronn 145 Joer gëtt.
Fir den Andris Nelsons sinn et also turbulent Wochen. De 17. September fänkt seng lescht Saison beim BSO un. Startschoss ass ee Concert mam Starcellist Yo-Yo Ma an dem Celloconcerto vum Edward Elgar.