Wierker daueren heiansdo just 20 Sekonnen, eenzel Téin ginn duer fir seng Iddien ëmzesetzen – den Anton Webern ass ee gutt Beispill fir d’Avant-garde an der Musek an der Zäit nom zweete Weltkrich.
An awer lieft en net laang duerno. Haut op engem 15. September 1945 stierft de Wiener Komponist op tragesch Aart a Weis. Hie gëtt iertemlecherweis vun engem amerikaneschen Zaldot wärend enger Zigarettepaus ugeschoss. Am Alter vun 61 Joer war hien och iwwerhaapt net bekannt an deementspriechend och finanziell schlecht opgestallt. Dat loung och dorun, datt seng minimalistesch Musek wärend dem Krich als “entartete Kunst” deklaréiert a verbuede gouf.
Mee Leit wéi de Pierre Boulez oder de Karlheinz Stockhausen hu seng Musek nach Joerzéngten duerno geschat.