Den 28. August 1850, war zu Weimar d’Uropféierung vum Richard Wagner senger Oper "Lohengrin", ee revolutionäre Meilesteen aus der Romantik, wat den Thomas Mann als "vielleicht das Wunderbarste, was er überhaupt geschrieben hat”, beschreift.
De Komponist selwer konnt bei der Uropféierung allerdéngs net dobäi sinn, hien huet zu deem Zäitpunkt missten am Exil an der Schwäiz sëtzen. 1849 war hien nämlech beim Meeopstand zu Dresden dobäi a gouf dowéinst per Steckbréif vun der Police gesicht. Keen anere wéi de Franz Liszt huet him mat engem gefälschte Pass an e bësse Suen d’Flucht an d’Schwäiz iwwerhaapt eréischt erméiglecht. Well de Wagner an der Schwäiz festsouz, huet säi laangjärege Kolleeg Franz Liszt och d’Leedung vun der Uropféierung zu Weimar iwwerholl. Deen huet säi ganzen Afloss als Hofkapellmeister um Hafftheater zu Weimar an ee grousse Budget genotzt, fir des extrem usprochsvoll Opféierung iwwerhaapt méiglech ze maachen.
Och den Datum war vum Liszt bewosst gewielt: Den 28. August ass de Gebuertsdag vum Johann Wolfgang von Goethe. Domat wollt hien de Wagner symbolesch als legitimmen Nofollger vun dëser grousser däitscher Kulturtraditioun presentéiren. Mat senger „onendlecher Melodie“ an de charakteristesche Leitmotiver huet de Wagner d'Operewelt dunn och doriwwer eraus revolutionéiert an e faszinéierend Stéck Kulturgeschicht geschaf.