2002 gouf de FIMOD, de Festival International de Musique d'Orgue de Dudelange, vun Uergelinteresséierten an dem Kulturministère an d'Liewe geruff. Zënterhier ass d'Kierch Saint-Martin mat hirer national bekannter Uergel den Dréipunkt fir dëse Festival, deen och vill international Staren empfänkt.
2026 geet et an déi 24. Editioun.
Mir hu fir iech den Iwwerbléck vum Programm gemaach a kucken op eenzel Highlights.