Et koumen insgesamt 137 verschidde perséinlech Géigestänn aus der Jacqueline du Pré hirer Kandheet an aus der Zäit vun hirer fréier Karriär ënner den Hummer.
Ageschat gouf de Gesamtwäert op 35.000 bis 40.000 Pond. Déi Zomm gouf mat 52.000 Pond awer wäit iwwertraff. Dorënner och en Teddy. Et ass eng weider Stee ugekënnegt fir den Dezember, mat Géigestänn aus dem spéidere Liewe vun der Jacqueline du Pré.