7.900 Nolauschterinnen a Nolauschterer am Dag - esou vill Leit erreecht den Opus. Dëst sinn déi éischt Zuele vun eisem Klassiksender, deen zënter Dezember 2025 iwwer DAB+ ze empfänken ass.
17.700 Leit erreecht den Opus iwwer d'Woch an och dat ass eng Zuel, iwwer déi mir eis freeën!
Dës Zuele kommen aus der Trail-Etude vun ILRES. Déi Etude gouf tëschent de Méint Februar a Juni 2026 realiséiert. Normalerweis bestinn d'Zuelen aus zwou Wellen, aus deenen eng Moyenne gerechent gëtt. Well den Opus - esou wéi déi aner Digital-Radioen zu Lëtzebuerg - eréischt zënter Dezember ze empfänken ass, sinn dat elo déi éischt provisoresch Zuelen aus enger Well.
Virop soe mir all eenzeler Nolauschterin an all eenzelem Nolauschterer ee grousse Merci! Et ass schéin ze gesinn, datt all déi Aarbecht, déi mir an den Opus gestach hunn, och dobausse bei Iech ukënnt! Et freet eis, déi Passioun mat esou ville Mënschen deelen ze kënnen.
Luc Boentges, Responsabele vum Opus
Zënter 2025 op DAB+
Musek, déi dech duerch den Dag begleet, mat engem Fokus op Lëtzebuerger Museker:innen: Um Opus fënns du klassesch Musek non-stop. Entdeck eis Live-Show an där dech de Lex Kauffmann all Moien ënner der Woch tëschent 9h an 12h mat interessanten Theeme ronderëm déi klassesch Musek begréisst. Um Sonndeg kanns du e gemittlechen Ament mat der Emissioun Resonanzen verbréngen an ëmmer Méindes, Mëttwochs a Sonndes kanns du Live-Opname vu Concerten aus Lëtzebuerg an aus internationale Concertshaiser héieren.