De 6. Oktober ass de Lëtzebuerger Enseignant an Organist Paul Kayser op Besuch an der Diddelenger Kierch. Hien ass een Deel vum Line-up am Kader vum 24. Festival International d'Orgue.
Aus sengem Programm gëtt direkt kloer: Bach ass d'Kärtheema vun dësem Owesconcert. An och d'Improvisatioun spillt eng grouss Roll, wéi de Paul Kayser am Opus-Interview verréit.
Mee wéi vill ass am Viraus geplangt, a wéi vill gëtt "sur place" definéiert an improviséiert? A wat faszinéiert de Paul Kayser esou um Bach? All deene Froe geet d'Oceana Kaell am Gespréich méi genee op de Fong.