Den Ensembel Kammerata Luxembourg presentéiert déi nei Saison 2026/27. Am Vergläich zu de Jore virdrun soll de Fokus dës Saison méi um Dialog mat anere Museker leien, déi vu bausse kommen. Sou komme vill verschidde Klangfaarwen zesummen, och deelweis vu méi ongewéinlechen Instrumenter wéi dem Theremin. Ee wichtegen Aspekt vun der Programmgestaltung ass och d'Inklusioun.
D'Sandrine Cantoreggi, Presidentin vum Ensembel, verréit eis méi.
All Detailer zum neie Saisonsprogramm 2026/27 sinn ze fannen op www.kammerata.lu.