Wie scho Jore laang Saxofon spillt, grad eréischt ugefaangen huet oder absolutte Profi ass, kann sech de 26. September 2026 am Kalenner markéieren. D'Luxembourg Saxophone Association presentéiert de Comeback vum Mega-Saxofonsorchester.
Am Kader vum Ettelbrooklyn Street Fest ginn Extraiten aus der Carmen Suite vum Georges Bizet, dem Johannes Brahms säin Ungareschen Danz Nr.5 an dann och e bëssen Hiphop Rap gespillt, nämlech Gangsta's Paradise vum Rapper Coolio. Dofir zoustänneg ass de Mega Saxofonsorchester, deen den Dag selwer mol iwwerhaapt eng éischte Kéier zesumme prouft!
Firwat dat Konzept awer esou wäertvoll ass, wéi vill Leit dëst Joer erwaart ginn a wéi dat Ganzt sur place ofleeft, doriwwer schwätzt de President vun der LSA, den Hy-Khang Dang, am Gespréich mam Lex Kauffmann.