De Kerry Turner ass een international bekannten amerikanesche Komponist a Museker, dee 35 Joer laang zu Lëtzebuerg gelieft huet a Cornist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker war. Am Optrag vum Kulturministère huet hien elo en neit Stéck fir d'Solistes Européens, Luxembourg geschriwwen. "Kaitsenko" ass de leschten Deel vu senger "Native American"-Trilogie an thematiséiert d'Elite-Kämpfer vum amerikaneschen indigène Stamm vun de Kiowa.
Den 12. Oktober ass et dann esouwäit: "Kaitsenko" gëtt an der Philharmonie am Kader vun engem Concert surprise uropgefouert. De Kerry Turner erzielt eis méi iwwer d'Entsteeung vu senger Kompositioun an d'Bedeitung dohannert.