De 24. September geet de Festival “Bridges 2” vun der lëtzebuergesch-bulgarescher Komponistin Albena Petrovic an déi 8. Editioun.
Zënter dem leschte Joer huet de Festival mam Foyer Européen och e fest Doheem fonnt.
D'Grondkonzept bleift bestoen: Et gëtt kee Concert ouni e liewege Komponist, a keen Dag ouni e Lëtzebuerger Komponist an ouni e weibleche Komponist.
D'Grënnerin Albena Petrovic huet eis och am Opus-Interview verroden, firwat ëmmer zwee Concerten um selwechten Dag, direkt hannerteneen, geplangt sinn.