De Kerry Turner ass een international bekannten amerikanesche Komponist a Museker, dee 35 Joer laang zu Lëtzebuerg gelieft huet a Cor bei de Lëtzebuerger Philharmoniker gespillt huet. Am Optrag vum Kulturministère huet hien elo en neit Stéck fir d'Solistes Européens, Luxembourg geschriwwen. "Kaitsenko" ass de leschten Deel vu senger "Native American"-Trilogie an thematiséiert d'Elite-Kämpfer vum amerikaneschen indigène Stamm vun de Kiowa.
Den 12. Oktober ass et dann esouwäit: "Kaitsenko" gëtt an der Philharmonie am Kader vun engem Concert surprise uropgefouert. De Kerry Turner erzielt eis méi iwwer d'Entsteeung vu senger Kompositioun an d'Bedeitung dohannert.