Hëtztwell

Waasserqualitéit huet sech verschlechtert – Lokaalt Fëschstierwe gëtt sech erwaart

Wéinst den héijen Temperaturen huet d‘Waasserqualitéit an de Flëss a Baachen hei am Land sech signifikativ verschlechtert, mellt d‘Waasserverwaltung. Wéinst der Hëtzt géif et an de Gewässer ënner anerem e kritesche Manktem u Sauerstoff ginn, dee fir d‘Liewen am Waasser essentiel ass.

auto_stories

1 min

Baach/Floss | © Bigstock / jackierae1
Baach/Floss (Foto: Bigstock / jackierae1)

D‘Fësch si besonnesch vulnerabel an et misst ee mat lokalem Fëschstierwe rechnen, wann d‘Waasser net geschwënn ofkillt. D‘Waassertemperatur wier op verschiddene Miessstatiounen iwwer 25 Grad geklommen, esou d‘Waasserverwaltung.

Si mécht an deem Kontext en Appell, besonnesch un d‘Industriebetriber, preventiv Mesuren ze huele wa si Ofwaasser oder aner Substanzen an d‘Flëss a Baache lafe loossen. Wéi eng Mesuren dat sinn, preziséiert d‘Waasserverwaltung net.

Si betount och nach, datt een, wann ee Waasser aus Flëss a Baachen hëlt fir et ze benotzen, spuersam soll sinn.

Bis op Weideres wier dat awer nach ëmmer erlaabt.