Spadséiergäng mat externe Visiteuren am Nomëtteg si wéinst den héijen Temperaturen aktuell net méiglech – dofir ass d’Personal moies scho fréi op de Been.
Personal vum Déierenasyl muss ëmdisponéieren
Ënner der Hëtzt leide Muppe besonnesch – si kënne bekannterweis net esou schweesse wéi mir Mënschen, vill méi reguléieren si hir Temperatur iwwer d’Hechelen. Fir si beschtméiglech duerch d’Canicule ze begleeden, huet d’Personal ëmdisponéiert, wéi de Loïc Feltgen vum Gaasperecher Déierenasyl erkläert.
"Normalerweis maache mir moies alles, wat den Nettoyage an d'Fidderung ... ubelaangt an d'Preparatiounen. A mir hunn eeben elo decidéiert, datt mir mam eegene Personal moies mat den Hënn alt erausginn, soulaang wéi et nach gutt kal ass. An dann am Nomëtteg maache mir dann eeben déi ganz Botz-a Virbereedungsaarbechten, soudatt d'Hënn mëttes eeben net méi mussen an der Hëtzt sinn."
Am reguläre Betrib kënnen extern Persoune sech mëttes ee Mupp ofhuelen, fir mat him eng Ronn spadséieren ze goen. Dofir ass et elo ze waarm. D’Gaasperecher Déierenasyl ass awer gutt equipéiert. D'Kaze befanne sech an engem agreabel klimatiséierte Beräich um éischte Stack.
Extra Snacke fir d'Muppe bei der Hëtzt
Bei den Hënn ass et esou, datt all Mupp eng Box mat engem Bannen- a Bausseberäich zur Verfügung huet. Doriwwer eraus ginn et gläich e puer Ausleef, also gréisser Flächen, deelweis mat Wiss a Beem, op deenen d’Muppe kënnen Zäit am Fräie verbréngen. Spéitstens ëm d’Mëtteszäit geet et dann awer eran, wéi de Loïc Feltgen erkläert.
"Mir verdeelen da gär emol esou gefruere Jughurt oder esou oder mir ginn d'Hënn einfach emol eng Kéier e bëssen naass maachen, fir datt se sech einfach e bësse reguléiere kënne vun der Temperatur. A mir kucken halt och aktiv, datt mir elo net ze vill Dynamik hei op der Anlag erzeugen, fir datt se se sech do net ze vill nach opreegen an zousätzlech ophëtzen."
Adoptioune vu Muppen a Kaze sinn awer och wärend der Canicule méiglech – d’Déierenasyl bleift fir Interessente ganz regulär op. Si kéinte gär laanschtkommen, esou de Loïc Feltgen, fir e berodend Gespréich an och fir en Déier op enger roueger Plaz am Schiet kennenzeléieren.
Problemer am Logement wierken sech och op d'Déierenasyl aus
Den heefegsten offizielle Grond, firwat Muppen am Déierenasyl ofgi ginn, wier iwwregens d’Wunnengsnout, esou de Loïc Feltgen : Ëmmer méi Leit géifen als Locataire keng Wunneng méi fannen, an déi si hir Déieren dierfe mathuelen – e Problem, deen zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss géif ginn.