Hëtztwell

Juni-Rekord um Findel nach eemol gebrach: 38,2 Grad gemooss

Den Temperaturrekord fir Juni gouf haut nach eng Kéier gebrach. Um Findel gouf haut eng Héchsttemperatur vun 38,2 Grad gemooss. Dat deelt MeteoLux op X mat.

auto_stories

4 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

Gëschter war de Juni-Temperaturrekord vu 35,4 Grad aus dem Joer 2017 eng éischte Kéier gebrach ginn, mat 36,3 Grad gëschter. Den neie Rekord vun haut louch nach emol bal 2 Grad iwwert deem vu gëschter a bal 3 Grad iwwert deem aus dem Joer 2017.

Rout Hëtztwarnung bis e Sonndeg verlängert – Donnerwiederwarnung fir haut

Déi rout Hëtztwarnung fir Lëtzebuerg ass nach eng Kéier verlängert ginn a gëllt elo bis e Sonndeg de Moien. Nieft der extremer Hëtzt warnt Meteolux och virun Donnerwiederen an héijen Ozonwäerter.

An de Stied an op der Musel kéinten haut a muer 40 Grad iwwerschratt ginn.

Nieft der Hëtztwarnung gëtt et haut och eng Donnerwieder-Warnung – an dat vu 6 Auer den Owend u fir d‘ganzt Land, a nach bis muer de Moien. 

Meteolux huet fir de Mëtteg och eng giel Warnung wéinst héijen Ozonwäerter eraus ginn, déi gëllt bis Mëtternuecht.

Eng Ofkillung vun den Temperature soll vu Sonndes op Méindes kommen, mat dann nach 24 bis 26 Grad.

Wéinst der Hëtzt: 431 Flüchtlingen aus der Zeltstad um Kierchbierg relogéiert

Wéinst der grousser Hëtzt goufen um Kierchbierg all d‘Bewunner:inne vun der Flüchtlings-Struktur „Zeltstad“ bis op Weideres relogéiert. Dat huet eis déi zoustänneg staatlech Instanz, den Office national de l‘acceuil (ONA) confirméiert. 

Am Ganze wiere 431 Persoune relogéiert ginn. Dovu wieren 274 Persounen an der ONA hir Noutstruktur um Findel relogéiert ginn, déi aner wieren an anere Gebaier vum ONA-Reseau ënnerbruecht ginn, dovunner 26 Persounen an engem Hotel, deen och ONA-Reseau gehéiert.

Et wier geplangt déi Betraffen zeréck an d‘Zeltstad ze bréngen esou bal d‘Temperaturen et erlaben.

Santé warnt viru Gefore fir Puppelcher

De Gesondheetsministère weist drop hin, datt Puppelcher besonnesch vulnerabel sinn, si kënne méi séier deshydratéieren,  well hiren Organismus d‘Temperatur manner gutt reegelt a si manner schweessen.

An engem Schreiwes betount d‘Santé ënner anerem: Bei dësen Temperature sollt een nimools e Puppelchen eleng am Auto loossen, och net just e puer Minutte laang. Dat wier liewensgeféierlech well et an engem Auto séier geféierlech waarm ka ginn, esou guer wann d‘Fënsteren op sinn. Weider sollt een e Kand ni an enger Poussette an der Sonn loossen.

Héchsttemperatur vu 36,3 Grad gëschter brécht de Juni-Rekord vu bis elo 35,4 Grad

Um Findel gouf gëschter eng Héchsttemperatur vu 36,3 Grad gemooss. Domat gouf den ale Juni-Rekord vu 35,4 Grad aus dem Joer 2017 däitlech gebrach. Dat huet MeteoLux gëschter matgedeelt. Haut, respektiv muer Samschdeg, wäert de Juni-Rekord warscheinlech nach eng Kéier gebrach ginn.

Déi rout Warnung wéinst den aussergewéinlech héijen Temperature gouf nach eng Kéier verlängert, bis e Sonndeg de Moien.

An de Stied an op der Musel kéinte 40 Grad depasséiert ginn, esou déi zoustänneg Cellule vun der Regierung, an där och MeteoLux vertrueden ass.

An der Nuecht op ee Sonndeg kéint d’Temperatur lokal bei 24 bis 26 Grad leien. Un d’Populatioun ass et den Appell, ganz virsiichteg ze bleiwen. Vun der Waasser-Verwaltung ass et den Appell, Waasser ze spueren.

De Sportsministère recommandéiert, Sports-Manifestatiounen ze verréckelen oder ze annuléieren, wann d’Sécherheet net ka garantéiert ginn.