Den Andrew Ferrone, Klimatolog an Direkter fir europäesch an international Affären am Ëmweltministère, seet am 100,7-Interview, datt een och an Zukunft muss mat esou Hëtztwelle rechnen. Dat, well déi global Emissiounen net erof ginn.
“De Weltklimarot sot, esou laang d’Emissiounen net erof ginn, wäerten d’Hëtztwellen och net erofgoen.”
Bei enger globaler Temperaturerhéijung vun 1,5 Grad wäerten Hëtztwelle véiermol méi dacks optrieden. Se daueren och méi laang a gi méi waarm.
Aktuell Hëtztwell "an de Limitten", mee och de "Worst Case"
Wat aktuell geschitt wier nach an de projezéierte Limitten, seet den Andrew Ferrone. Hie schwätzt allerdéngs och vun engem Worst Case.
“Mir hunn dat effektiv esou virausgesinn. An deem Sënn ass et keng Iwwerraschung. Et si jo och dofir Mesurë getraff ginn, fir sech drop virzebereeden.”
Virun allem an de Stied leiden d’Leit ënner den héijen Temperaturen. Déi sinn aktuell och tëschent 2 a 4 Grad méi waarm, wéi dat soss alt mol bei änleche meteorologesche Bedingungen de Fall war.
De Klimatolog erkläert, datt d’Stied sech duerch onnatierlech Hëtztquellen – zum Beispill Autoen – méi séier erhëtzen. Dofir wier d’Begréngung am urbane Raum immens wichteg.
1,7 Millioune Beem bis 2030
D’Begréngung kënnt och am Klimaadaptatiounsplang vir. An deem stinn am Ganzen 152 Mesuren dran. Ausgeschafft goufen déi a grousse Consultatiouns-Aktiounen. Fir d’Ëmsetzung soll vill mat de Gemengen zesummegeschafft ginn.
Wat d’Begréngung ugeet solle bis 2030 1,7 Millioune Beem geplanzt ginn. Den Andrew Ferrone erkläert, datt de Ministère schonn en Appel à projet u Stied an Dierfer gemaach huet, fir esou Projeten eranzeginn.
“De Virdeel ass, datt Beem d’Temperatur erofsetzen”, seet de Klimatolog. Ouni Beem kéint ee Uewerflächentemperature vun iwwer 50 Grad moossen. Mat Beem kritt een déi op 30 Grad gedréckt.
“Zudeem späichere si CO2. A wa vill Nidderschléi kommen, da kënne se Waasser absorbéieren an et gi manner Iwwerschwemmungen.”
Den Appel à projet wier e Succès, esou den Andrew Ferrone, mee et wier ee frou, wann een nach méi Projeten erakréie kéint.
Genuch Begréngung an der Stad?
Gëschter nach sot déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, datt et an der Stad genuch Begréngung géing ginn. Dat wier op verschiddene Plaze sécher och de Fall, seet den Andrew Ferrone, an nennt d’Péitrussdall als e Beispill.
Op anere Plaze géing et awer nach “Loft no uewe” ginn.
Hie géing verstoen, datt een op verschiddene Plazen och nach Plaz fir Evenementer bréicht. Dofir wier et wichteg, en Equiliber tëschent Plaz a Begréngung ze fannen.
Klimaadaptatiounsplang ka just Richtunge virginn
Wann d’Temperaturen esou héich si wéi momentan, da réckelen och d’Schoulen, d’Spideeler oder Altersheemer an de Fokus. Am Klimaadaptatiounsplang sinn op deene Punkten awer keng genee Mesuren uginn. Dat ass och esou gewollt, betount den Andrew Ferrone.
“D’Adaptatioun ass eppes, dat een eenzel kucke muss. Wann déi Gebaier nei gebaut ginn, muss een natierlech de Klimawandel matdenken. Eng Begréngung um Dach oder esouguer op der Fassad. (...) Mee de Plang kann net de gesamte Kader ginn, e ka just Richtunge setzen.”
Lëtzebuerg setzt op d'Elektrifikatioun
Wat d’Klimabilanz ugeet wier Lëtzebuerg “on track”, och wann et Defiziter a bestëmmte Beräicher wéi de Gebaier an dem Transport géife ginn. All Liter, deen hei am Land getankt gëtt, dréckt op dës Bilanz.
Datt am Kader vun der Energiekris elo de Bensinn an den Diesel och vu Subventiouns-Mesurë betraff sinn, kann den Andrew Ferrone verstoen. Hie widderhëlt, datt dës Subventioune kloer zäitlech limitéiert sinn. Ausserdeem wier een nach an de fossillen Energien “verankert”, soudatt eppes aneschters och net méiglech gewiescht wier.
Fir de Rescht wéilt een awer kloer op d’Elektrifikatioun vum eenzele Persounentransport setzen, esou de Klimatolog. Aner EU-Länner wéilte léiwer op de Wee vun alternative Kraaftstoffer goen. Déi wieren awer net ëmmer disponibel, seet den Andrew Ferrone, an och deier.
Dofir setzt Lëtzebuerg weider op d’Elektrifikatioun vum eenzele Persounentransport.