Hëtztwell

Temperaturrekord a Frankräich gebrach: 38,2 Grad

A Frankräich gouf gëschter den Temperaturrekord gebrach. Zënter 2003 louch d‘Duerchschnëttsmaximaltemperatur fir een Dag bei 38,2 Grad. De leschte Rekord vun 2003, louch bei 37,7 Grad.

auto_stories

2 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Dat heescht domat war den Dag vu gëschter dee wäermsten, dee jeemools a Frankräich enregistréiert gouf, esou Meteo-France.

Meteolux: Muer 37 Grad an Iwwermuer 38 Grad

Bis e Méindeg gëtt et nach méi waarm wéi bis elo: Fir haut an déi nächst Deeg gëllt weider déi héchst Alarmstuf rout. Haut si 34 Grad gemellt. Meteolux no, soll et muer bis 37 Grad an iwwermuer an e Samschdeg bis 38 Grad ginn. D‘Alerte rouge gëllt also sécher nach bis e Samschdeg.

Neie Bilan vum CGDIS: 27 Prozent méi Asätz wéinst der Hëtzt

Wéinst der Hëtzt haten d‘Rettungsservicer gëschter 289 Asätz. Dat ass eng Hausse vu 27 Prozent par Rapport zu normalen Deeg, esou heescht et am Bilan vum CGDIS.  

En Enn vun der Hëtzt zu Lëtzebuerg ass a Siicht. D'Modeller géifen drop hindeiten, datt vun e Sonndeg un d'Temperature géifen erofgoen a sech vun e Méindeg un ëm déi 25 Grad beweege sollen, esou de Meteorolog Luca Mathias am 100,7-Interview. Bis dohi gëtt et awer ëmmer méi waarm. 

Fir e Samschdeg rechent Meteolux mam Peak vun der Hëtzt. Dobäi kéinte bis zu 40 Grad un der Musel erreecht ginn, esou de Luca Mathias. Bis dohi wäerten d’Temperature graduell klammen. Och d’Nuechte wäerten nach méi waarm gi wéi bis ewell. 

Dofir wäert d’Alerte rouge och nach zimmlech sécher fir e Samschdeg mat gëllen. Vun e Sonndeg u sollen d'Temperaturen dann nees erofgoen. Awer och um Sonndeg wäerten et nach an déi 30 Grad ginn.

Temperaturrekord vum Juni wäert wuel gebrach ginn

Datt den Temperaturrekord vum Juni, bei deem um Findel 2017 35,4 Grad gemooss goufen, gebrach gëtt, gesäit de Meteorolog Luca Mathias als warscheinlech. Den absolutte Rekord wäert awer wuel éischter net gebrach ginn.

Et géif een unhand vun den Donnéeën iwwerdeems kloer gesinn, datt d’Hëtzt méi dacks zu Lëtzebuerg virkënnt, wéi dat nach virun den 2000er-Joren de Fall war, esou nach de Luca Mathias.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Meteorolog Luca Mathias