Prisongen

Prisonge sollen iwwer déi nächst 5 Joer ausgebaut ginn: Et feelt u Plaz an u Personal

An der Justizkommissioun huet de Serge Legil, Chef vun der Prisongsverwaltung, betount, datt d'Prisongen iwwer déi nächst Joer mussen ausgebaut ginn, well et u Personal an u Plaz feelt.

auto_stories

1 min

De Serge Legil | © Radio 100,7
De Serge Legil (Foto: Radio 100,7)

De geplangten Ausbau vu Schraasseg wäert bis 2040 daueren. Et misst awer scho laang virdrun no Alternative gekuckt ginn, seet de Serge Legil.

"Dat muss net onbedéngt e Prisong gi mat Maueren an Tierm, da kann och méi eppes Liichtes gi mat engem duebele Barbelee op engem Terrain, deen dem Staat vläicht scho gehéiert a wou vläicht och schonn e Prisong ass, dat muss een da kucken."

42 nei Plaze fir an de Prisongen 

Dat wier relativ séier ëmzesetzen a mat nidderege Käschte verbonnen, ënnersträicht de Chef vun der Prisongsverwaltung. Domat kéint ee Schraasseg entlaaschten. 

"Déi eeler Detenuen, wou kee Risk besteet, déi kuerz Peinen hunn, d'Primairen an esou weider, kéint een dohinner huelen. Dat wier eng schnell Léisung."

D’Justizministesch Elisabeth Margue (CSV) huet bei därselwechter Geleeënheet nach matgedeelt, datt vun den 91 Plazen déi fir déi personell Verstäerkung am Justizberäich virgesi sinn, si der 42 fir d’Prisonge reservéiert huet.

An der Lescht goufen et ëmmer nees Attacken op Giischtercher an de Prisongen. An deem Kontext huet d'Associatioun vun de Giischtercher virun der ëmmer méi ugespaantener Situatioun an de Prisonge gewarnt.