D'Méisproochegkeet wier eng Stäerkt vun der Lëtzebuerger Beruffsausbildung, betounen d'Handwierksmeeschteren am Enseignement.
Et géif awer u Personal feelen, virun allem u qualifizéiertem Fachpersonal, u Raim an u pedagogesche Moyenen. Och wieren net genuch ekippéiert Atelieren do.
Ee Cours an op zwou Sproochen
Deelweis missten déi däitsch- an déi franséischsproocheg Klassen zesummegeluecht ginn. Dat wier net optimal, schreift d'Amelux, well da missten d'Enseignantë wärend enger Schoulstonn tëschent zwou Sproochen hinn an hir wiesselen. Domat géif wäertvoll Zäit verluer goen.
Wann zwou Unterrechtssproochen ugebuede ginn, da missten och d'Moyenen ugepasst ginn, fir datt zwou vollwäerteg Offere kéinte gemaach ginn, esou d'Associatioun.