D’Analys vun der CSL weist, datt den héije Liewensstandard zu Lëtzebuerg net fir jiddereen déi selwecht Realitéit bedeit. Bei elengerzéiende Stéit, wier den Aarmutsrisiko héich.
1 vu 5 Kanner ass aarm
Mee och Famille mat dräi oder méi Kanner sinn däitlech méi staark betraff wéi den Duerchschnëtt vun der Bevëlkerung. Virun allem bei de Jonken ass d'Entwécklung besonnesch opfälleg, erkläert d’Nathalie Georges vun der Chambre des Salariés.
"On voit que 22,2% des moins de 18 ans sont en risque de pauvreté. et 26% des jeunes, de 18 à 24, c'est la proportion la plus élevée de la distribution. Donc les jeunes sont fortement touchés."
Méi wéi ee vu fënnef Kanner wier deemno vun Aarmut betraff.
"Et plus d'un jeune sur quatre, âgé de 18 à 24 ans, est en risque de pauvreté au Luxembourg."
Logementskäschten als grousse Problem
Am Verglach mat den Nopeschlänner si jonk Mënschen hei am Land besonnesch staark vum Aarmutsrisiko betraff. An der Belsch beispillsweis läit de Risk fir 18 bis 24 Järeger bei 12,6 Prozent. Dat ass proportional nëmmen hallef esou héich wei zu Lëtzebuerg.
Doriwwer eraus géif de Logement nach ëmmer en enorme Problem duerstellen. Ronn 30 Prozent vu Stéit mat nidderegem Akommes wiere mat ze héije Wunnkäschten konfrontéiert. Am Duerchschnëtt géife Leit déi loune, 27 Prozent vun hirem Akommes fir de Loyer ausginn. Domat ass d’Belaaschtung duerch de Loyer déi drëtthéchsten an der Eurozon a méi héich wéi déi vun all den Nopeschlänner.