Aarbechtswelt

Sozialwale bei der Firma Inflow goufe widderholl: Den LCGB gewënnt déi 16 Mandater

Nom Urteel vum Verwaltungsgeriicht goufen d'Sozialwale vu virun zwee an engem hallwe Joer an der Firma Inflow, déi fréiere Michel Greco geheescht huet, widderholl. Dobäi huet den LCGB déi aacht effektiv an déi aacht suppléant Mandater kritt.

auto_stories

1 min

D'Entreprise war eng vun de Firmaen, wéinst deenen den LCGB an den OGBL no de Sozialwalen op d'Verwaltungsgeriicht gaange sinn.

Walziedelen ze spéit ofgeschéckt

Fir den OGBL war et bei der Firma zu Onreegelméissegkeete komm. An déi haten dozou gefouert, datt den Direkter vun der Gewerbeinspektioun ITM d'Wale vun der Personaldelegatioun annuléiert huet. 

Den LCGB war domat net averstanen an hat Mëtt 2024 d'Verwaltungsgeriicht saiséiert. 

Den Tribunal administratif huet de Fall tranchéiert an dem Onofhängege Gewerkschaftsbond Recht ginn, well d'Ziedele fir d'Bréifwal ze spéit fortgeschéckt gi sinn. D’Verwaltungsriichter hat an hirem Urteel festgehalen, datt d’Entreprise déi Ziedelen effektiv sechs Deeg ze spéit an d’Post ginn hat.