Justiz

Geriicht soll dobäi bleiwen: 1 Joer Prisong an 1.000 Euro wéinst Opruff zum Haass

An enger Affär vun Opruff zum Haass a Minimiséiere vum Holocaust soll et op der Cour d’appel an der Stad bei der Strof aus éischter Instanz bleiwen, huet d’Vertriederin vum Parquet général am zweete Prozess gefuerdert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Eric Ewald play_arrow
(Foto: Eric Ewald)

De Mann war haut virun engem Joer zu engem Joer Prisong an zu enger Geldstrof vun 1.000 Euro verurteelt ginn.

Tëschent Februar 2018 a Mäerz 2019 hat sech de Mann op WhatsApp antisemittesch a rassistesch geäussert an och Nazi-Symboler an Hitler-Biller gebraucht. Doriwwer eraus war hien 2016 scho wéinst Brandstëftung zu dräi Joer Prisong, zwee dovu mat Sursis, condamnéiert ginn. 

"Aus Blödsinn" de Geck gemaach

De 35 Joer ale Beschëllegte sot um Freideg, hie wier an Appell gaangen, well hien d’Strof aus éischter Instanz als ze héich ugesinn hätt. Hie géif sech fir d'Publikatiounen entschëllegen: Si wieren domm an onnéideg gewiescht. Hie wéilt näischt verharmlosen an hätt e schwaarzen Humor, huet den Ugeklote betount.

D'Messagen op WhatsApp wieren awer ni ëffentlech gewiescht, mee an engem zouene Grupp publizéiert ginn. Hien hätt dat "aus Blödsinn" gemaach a sengerzäit iwwer alles de Geck gemaach.

"Muss et awer souwäit goen?", huet d’Presidentin vum Geriicht hie gefrot.

"Op kee Fall", huet de Beschëllegte gemengt.

Riets Messagen an zouenem WhatsApp-Grupp

De Me Brian Hellinckx, dem Mann säin Affekot, huet fonnt, datt d’Affär juristesch a politesch interessant wier: Et géif nämlech ëm d’Fro no Meenungsfräiheet a Privatsphär goen. Zu de Faite wier et net an engem ëffentleche Kader komm.

Et wier wichteg, d’Meenungsfräiheet ze schützen, a säi Client wier aus dem WhatsApp-Grupp erausgaangen, wéi ëmmer méi rietsextreeme Contenu dra koum, esou den Affekot. De Mandant sollt dowéinst fräigesprach ginn.

Dogéint huet d’Vertriederin vum Parquet général betount, datt den Ugekloten déi Zäit och d’Nazi-Ideologie gedeelt a sech zum Beispill selwer gepost hätt mam Reichsadler a mat Hitlergrouss. Vu senge Messagë wieren ëmmer Persoune mat schwaarzer Hautfaarf oder jiddeschen Origine viséiert gewiescht.

An hiren Ae wier den Opruff zum Haass an d’Minimiséiere vum Holocaust dowéinst zeréckzebehalen, esou datt d’Strof aus éischter Instanz confirméiert soll ginn.

D’Urteel ass fir den 3. November 2026.

Lauschterenplay_arrow