Allgemeng wier d’Liewenserwaardung zënter dem Ufank vun den 2000er fir Leit am Alter vu 60 Joer staark geklommen. 60-järeg Männer liewen dann am Schnëtt nach 23 Joer, Frae souguer 26,5.
Lëtzebuerg géif domat bei de Männer elo zu de fortschrëttlechste Länner an Europa gehéieren. Der Etüd no gëtt et virun allem bei der Liewensdauer vun de Männer allerdéngs staark sozial Ënnerscheeder, jee no Héicht vun hirer Pensioun.
Fënnef Joer méi laang an der Pensioun
D’Beneficiaire vun den héchste Pensioune profitéieren am Schnëtt och fënnef Joer méi laang vun hirer Pensioun, wat mat der méi héijer Liewenserwaardung, awer och mat engem liicht méi spéiden Antrëtt an d’Pensioun zesummenhänkt.
De Rapport war op Initiativ vun Déi Lénk erstallt ginn an analyséiert d’Ecarte bei der Mortalitéit vu Pensionären zu Lëtzebuerg 2002 an 2024. Dem lénken Deputéierte Marc Baum no missten dës Resultater e ganz wesentlecht Element si bei de künftegen Diskussiounen iwwert d’Finanzéierung vun de Pensiounen.