Spuenien

Maricarmen Abascal gestuerwen – Weider Protester fir bezuelbare Wunnraum

Den Doud vun der 87 Joer aler Maricarmen Abascal, zwou Wochen nodeem si aus hirer Wunneng zu Madrid expulséiert gi war, huet fir Roserei a Spuenie gesuergt.

auto_stories

1 min

© EPA/RODRIGO JIMENEZ
(Foto: EPA/RODRIGO JIMENEZ)

Demonstranten, déi zënter Deeg an engem Protestcamp géint d’Wunnengsnout op der zentraler Plaz Puerta del Sol zu Madrid sinn, hunn eng Erënnerungminutt fir d’Fra organiséiert.

Symbol vum Kampf

Hiert Schicksal war zum Ausléiser a Symbol vum Kampf fir bezuelbare Wunnraum ginn.

Zënter der Expulsioun aus hirer Wunneng zu Madrid, kënnt et a Spuenien ëmmer nees zu groussen Demonstratiounen.