De Radiossender NPR huet änlech Informatiounen aus der Enquête, déi nach leeft. Et geet een dovun aus, datt de Copilot warscheinlech eleng gehandelt huet, zitéiert NPR eng Source.
Och den US-Sender CNN huet gemellt, datt de Copilot et warscheinlech op de Flughafe Ben Gurion ofgesinn hat.
Oppe Froen zur Absicht
D’Enquête wier nach an engem fréie Stadium, heescht et. Et géifen nach oppe Froe ginn zu den Absichte vum Copilot.
De Fliger vu Flydubai war e Mëttwoch vun Dubai op Tel Avis ënnerwee, wéi et zu enger presuméierter Attack vum Copilot op de Pilot koum. Eng zweet Besatzung, déi u Bord vum Fliger war, konnt de Fliger a Saudi-Arabien landen.
Israel an d’Autoritéiten an de Vereenegten Arabeschen Emirater gi vun engem probéierten Terrorattentat aus.