D'Schrëftstellerin Anne Carson géif an hire Wierker duerch ee spillereschen Dialog déi klassesch Formen notze fir zäitgenössesch Literatur ze schafen, esou d'Erklärung. Déi antik Literatur huet och e groussen Afloss op hir Wierker.
Nominéierunge wärend 50 Joer geheim
D'Anne Carson hätt sech um Telefon ganz iwwerrascht gewisen, datt si de Präis gewonnen huet, heescht et. Si wier selwer grad an Island.
De Literaturnobelpräis gëllt als wichtegst literaresch Auszeechnung op der Welt. Eng 200 Schrëftsteller:inne ginn all Joer nominéiert. Wien alles proposéiert gëtt, wäert, wéi bei all deenen aneren Nobelpräisser, eréischt a 50 Joer verëffentlecht ginn.
Zejoert war et den ungaresche Schrëftsteller László Krasznahorkai mam Litertaurnobelpräis ausgezeechent ginn.