D‘Mënscherechter géifen ëmmer méi ugegraff ginn, sot déi 85 Joer al südafrikanesch Juristin.
Den Nobelpräiscomité hat de Mëtteg bekannt ginn, datt déi südafrikanesch Juristin a fréier UN-Héichkommissärin fir Mënscherechter déi weltwäit wichtegst politesch Auszeechnung kritt.
Fridden, Vëlkerrecht a Kampf géint Krichsverbriechen
D'Navanethem "Navi" Pillay gëtt fir Beméiungen ausgezeechent, fir Fridden a d’Vëlkerrecht ze fërderen.
Si hätt dozou bäigedroen, datt Krichsverbriechen, Verbrieche géint d’Mënschlechheet a Vëlkermord strofrechtlech verfollegt ginn, huet et zu Oslo geheescht. Si wier eng vun de wichtegste Rechtsexpertinne vun eiser Zäit.
Laangen Asaz fir Mënscherechter
D'Navi Pillay huet sech iwwer Joerzéngten op verschiddene Gebidder fir Mënscherechter a Gerechtegkeet agesat.
Si huet indesch Wuerzelen an ass ënner dem Apartheidregimm a Südafrika opgewuess. An de 1970er Joren huet si sech als Affekotin géint dëse Rregimm agesat. 1973 huet si viru Geriicht duerchgesat, datt politesch Prisonéier, dorënner den Nelson Mandela, Zougang zu Affekote kruten.
Vun 1995 bis 2003 war si Riichterin um UN-Tribunal fir Ruanda. Duerno war si bis 2008 Riichterin um Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag. Do huet si dozou bäigedroen, datt Vergewaltegung a sexualiséiert Gewalt als Verbrieche géint d'Mënschlechkeet unerkannt, an domat d’selwecht wéi ee Genozid agestuuft ginn.
Conclusioun: Israel huet Genozid an der Gazasträif gemaach
Bis viru Kuerzem huet si d'UN-Enquêtëkommissioun iwwer déi besate palästinensesch Gebidder geleet. Déi Kommissioun huet Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet op béide Säite vum Konflikt festgestallt. Am September 2025 koum si ausserdeem zur Conklusioun, datt Israel an der Gazasträif e Genozid un de Palästinenser begaangen huet.
Mat der Auszeechnung wëll den norwegeschen Nobelcomité ënner anerem d'Bedeitung vum internationale Recht ënnersträichen, heescht et an der Erklärung vum President vum Nobelcomité Jørgen Watne Frydnes
"At the time of existential challenges, including more wars and conflicts than the world has seen in a long time, international law is no longer just a supplement to peace and security. It is an absolute necessity."
D'Navi Pillay hätt mat hirer Aarbecht gewisen, datt och Staaten a politesch Responsabel juristesch zur Rechenschaft gezu kënne ginn, esou d’Aschätzung vun der Jury zu Oslo.
Israel huet schonn dorop reagéiert, a fonnt, d'Attributioun vum Friddensnobelpräis un d‘Navi Pillay géif den Haass géint Israel rechtfäerdegen.
Reaktioun vun der UNO
De Friddensnobelpräis fir d'"Navi" Pillay weist, wéi néideg Mënscherechter sinn, esou d’UNO an enger éischter Reaktioun.
De Friddensnobelpräis gëtt den 10. Dezember zu Oslo iwwerreecht.
Fir d’Auszeechnung waren dëst Joer am Ganzen 287 Kandidaten nominéiert: 208 Persounen an 79 Organisatiounen.
Friddensnobelpräis 2025
De Friddensnobelpräis war 2025 un déi venezuelanesch Oppositiounsleaderin María Corina Machado gaangen. Si hat dem US-President Donald Trump hir Auszeechnung dediéiert an hat him hir Medail geschenkt.
Am Laache sot d'Gewënner vun dësem Joer, wann den Applaus haard genuch wier, géif si dem Donald Trump hir Auszeechnung iwwerreechen.