Nobelpräis

De Chemie-Nobelpräis geet un de Franzous Henri Kagan an de Japaner Kenso Soai

De franséische Chemiker Henri Kagan fuerscht fir d'Universitéit vu Paräis an de Japaner Kenso Soai fir déi wëssenschaftlech Universitéit vun Tokyo. Wéinst hirer Fuerschung am Beräich vun der Autokatalys krute si haut den Nobelpräis.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Steffen Trumpf
(Foto: picture alliance/dpa | Steffen Trumpf)

Hir Entdeckung soll bei der Entwécklung vu Medikamenter a vu Geschmacks- a Faarwstoffer decisiv sinn, esou d'Argumentatioun vun der Jury vun der kinneglech-schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften zu Stockholm. 

Rätsel geléist

Zënter méi wéi engem Jorhonnert géif dat chemescht Rätsel bestoen an déi zwee Fuerscher hätten dat elo geléist, heescht et. 

An der Medezin war den Nobelpräis dëst Joer un dräi Fuerscher gaangen, déi am Beräich vun der Optogenetik gefuerscht hunn. 

E Méindeg gëtt nach zu Stockholm den sougenannte Gedächtnis-Nobelpräis fir Wirtschaftswëssenschaften ugekënnegt. Dee Präis geet am Géigesaz zu deenen aneren Nobelpräisser net op dem Alfred Nobel säin Testament zeréck, mee gëtt zënter de 60er Jore vun der schweedescher Zentralbank finanzéiert.