Déi staatlech Gedenkzeremonien an der Knesset a beim israeelesche Presidentesëtz ware scho leschte Méindeg. Dat nom hebräesche Kalenner. Fir de Gedenkdag nom gregorianesche Kalenner haut sinn dann a ganz Israel Gedenkzeremonien an Ausstellunge geplangt.
Wat war geschitt?
Op engem Samschdeg an de fréie Moiesstonnen hunn Hamas-Memberen d‘Grenzanlage ronderëm d’Gazasträif duerchbrach, déi sougenannte Qassam Brigaden.
Honnerte Palästinenser sinn op israeeleschen Territoire virgedrongen an hunn do e reegelrechte Massaker ugeriicht, dat ënner anerem an zwee Kibbutzen an op dem Museksfestival Nova.
Honnerte Mënsche sinn ëm d'Liewe komm. Weider Honnerte Persoune goufen als Geisel an d’Gazasträif entfouert.
Déif am Kollektivgediechtnes agebrannt
E Regierungsrapport warnt och op dësem Gedenkdag nees virun anti-israeelesche Protester an dem Risiko vun neien Attentater. De 7. Oktober huet sech déif an dat israeelescht Kollektivgediechtnes agebrannt.
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet a senger Gedenkdagsried e Méindeg gesot, all Dag géif d‘Rechnung mat dëse "degelasse Mäerder" beglach ginn.
De Chef vum ägyptesche Geheimdéngscht soll kuerz virum brutalen Terrorugrëff vun der Hamas an Israel gewiescht sinn an do den israeelesche Premier gewarnt hunn. Och den israeelesche Geheimdéngscht soll de Premier gewarnt hunn.
De Benjamin Netanjahu dementéiert dëst a schwätzt vu Fake News.
Beispillslos israeelesch Militäraktioun an der Gazasträif
Den Iwwerfall vun der Hamas virun dräi Joer huet zu enger beispillsloser israeelescher Militäraktioun an der Gazasträif gefouert. Israel huet den Territoire mat senge villen Awunner:inne méintelaang bombardéiert, zerstéiert, an duerno zu groussen Deeler besat.
Iwwer 74.000 Palästinenser, an der grousser Majoritéit Zivilisten, sinn dobäi ëm d‘Liewe komm. Dat laut den offiziellen Informatioune vum palästinensesche Gesondheetsministère.
Zënter Oktober 2025 gëllt offiziell eng Wafferou, et kënnt awer ëmmer nees zu déidlechen Attacken. D‘Aktioun huet den israeelesche Ruff weltwäit geschiedegt a fir vill Kritik gesuergt.
Parallel gouf et a ville Länner en neit Opflame vun antisemitteschen an anti-israeeleschen Aktiounen.
Walkampf an Israel
De Joresdag dëst Joer fält matten an déi kriddeleg Phas vum Walkampf an Israel. De 27. Oktober sinn déi éischt Parlamentswalen zënter der brutaler Eskalatioun vum Konflikt. Den Ausgang vun dëse Walen ass ongewëss.
Wéi de 7. Oktober an Israel erlieft gëtt kënnt Dir am Reportage vun eisem Tel Aviv-Korrespondent Léonardo Kahn hei lauschteren.