National

Hëtztwell belaascht d'Spideeler, nach keng Enkpäss bei de Better

Déi aussergewéinlech Hëtztwell mécht sech och an de Spideeler bemierkbar. D'Zuel vun de Patienten an den Urgencen ass nees geklommen. Besonnesch eeler a vulnerabel Persoune mussen dacks hospitaliséiert ginn, esou d'Santésdirektioun.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Cstock / Bigstock play_arrow
(Foto: Cstock / Bigstock)

D'Zuel vun de Leit, déi sech wéinst der Canicule an den Urgencen mellen, ass och gëschter nees geklommen. Dat sot den Direkter vun der Santésdirektioun, de Jean-Claude Schmit, am 100,7-Interview.

Méi Patienten an den Urgencen

Dobäi géif et sech net nëmmen ëm eeler Persounen handelen. Besonnesch am Süde vum Land wier d'Situatioun zwar ugespaant gewiescht, awer geréierbar bliwwen.

"Et ass e Mix vu Leit."

De Jean-Claude Schmit ënnerscheet tëscht Persounen, déi sech dobaussen der Sonn ausgesat hunn an dono an d'Urgence kommen, an enger zweeter, méi vulnerabeler Grupp.

"Dat ass déi Populatioun, déi eventuell dann och muss hospitaliséiert ginn, fir rehydratéiert ze ginn."

Besonnesch eeler Leit géifen no e puer Deeg Hëtzt ëmmer méi dacks un Dehydratioun leiden. Dat kéint och Auswierkungen op Medikamenter an d'Nierefunktioun hunn, soudatt eng Hospitalisatioun néideg gëtt.

“Well d'Medikamenter gi jo duerch d'Nieren ausgescheet, ganz oft. An wann een                deshydratéiert ass, fonctionéieren d'Nieren net normal, da kënnt et zu anere             Komplikatiounen.”

Genuch Better disponibel

Trotz der méi héijer Belaaschtung géif et aktuell keng national Enkpäss bei de Spidolsbetter ginn.

"Op jidde Fall um nationale Plang hu mer am Moment nach genuch Better."

Punktuell kéint et zwar virkommen, datt een eenzelt Spidol keng Plaz méi fir eng bestëmmte Kategorie vu Patienten huet. An deem Fall géifen d'Patienten an eng aner Klinik transferéiert ginn.

Appell un d'Bevëlkerung

Och an der Kannerklinik wier méi Aktivitéit festgestallt ginn. D'Santésdirektioun erënnert dofir drun, Kanner a Puppelcher net der direkter Sonn auszesetzen an se ni – och net kuerz – eleng am Auto ze loossen. Ausserdeem bleift eng genuch Hydratatioun wichteg.

"Mir hunn d'Impressioun, datt d'Leit sech relativ gutt un d'Reegelen halen."

Trotzdeem kéinten och an de nächsten Deeg nach Hëtzt-Noutfäll optrieden. D'Santésdirektioun rifft dofir dozou op, nëmmen am Noutfall an d'Urgence ze goen. Bei manner dréngende Gesondheetsproblemer soll een den Hausdokter oder d'Maison médicale consultéieren.Dohier den Appell vun der Santésdirektioun net an d’Urgencen ze goen, wann een net an engem Noutfall ass, mee éischter bei den Hausdokter oder an d’Maison médicale déi och iwwer de Weekend am Asaz sinn.

Lauschterenplay_arrow