De CGDIS hat gëschter gemellt, datt et eng Hausse vun 68 Prozent par rapport zu der normaler Aktivitéit ginn hätt, mat ronn 350 Interventiounen. Dat géife si an de Spideeler och mierken, seet de Romain Schockmel.
Hëtzt trëfft virop Leit mat Virerkrankungen
Virop géife Leit mat enger Virerkrankung an d'Urgence kommen.
"Et ass esou, datt Leit, déi eng besteeënd Krankheet hunn, méi schnell an e Beräich falen, wou ee Malaise empfonnt gëtt. Dat war an de leschten Deeg exklusiv de Fall. An elo lues a lues kommen och Leit, déi am Prinzip gesond sinn, déi awer déi héich Temperaturen net verdroen."
Doduerch géifen d'Hospitalisatioune klammen, esou de Romain Schockmel. Dofir misst méi Personal schaffen, ënner anerem fir deene Leit eng intensiv Surveillance ze ginn a sech ëm hir Hydratatioun ze këmmeren.
Niveau kann nach eropgeschrauft ginn
Zënter der rouder Alerte hätt een den Dispositif schonn eropgeschrauft.
"Am Moment hu mer ee Recrutement vun dräi bis fënnef Leit, déi aus aner Servicer bei eis erofkomm sinn an d'Urgencen."
Fir den Ament kéint een all Operatiounen a geplangten Interventiounen duerchféieren. Mee et kéint een och nach een Niveau drop leeën. Dat bréicht ee fir den Ament awer nach net.
CHDN mellt Hausse vun 10 Prozent
De Centre Hospitalier du Nord (CHDN) huet op Nofro hi matgedeelt, datt een eng Hausse vun 10 Prozent bei den Urgencen hätt. Iwwerfuerdert wier een awer net.
Den CHL mellt sengersäits sechs Hospitalisatiounen an de leschte 24 Stonnen am Kader vun der Canicule. D'Zuelen an den Urgencë wieren den Ament nach an der Norm, et rechent een awer domat, datt déi an den nächsten Deeg klamme wäerten.
De Plan Canicule vun der Santé soll dobäi ënnerstëtzen, datt d'Spideeler net iwwerfëllt ginn. Ënner anerem de Service Help vun der Croix-Rouge kuckt no Persounen iwwer 75 Joer, déi eleng liewen, fir si bei der Hëtzt ze ënnerstëtzen, esou de Castor Aguilera, Directeur des Soins am Reseau Help.
Mee déi wëllen net all Hëllef vun Infirmieren.
“Et si Leit, déi dann eebe soen, ech brauch Iech net. Dee Moment akzeptéiere mer dat. Natierlech musse mer dat och esou dokumentéieren, datt d'Aarbecht gemaach ginn ass."
Et géif awer och virkommen, datt Leit duerch Deshydratatioun schonn duerchernee sinn.
"An dofir ass et wichteg, datt Infirmieren dohinner ginn, déi kënnen da soen, et ass awer besser nach eng Kéier ze goen, och wann déi Persoun refuséiert, datt mer do eng präventiv Aarbecht maachen.”
Dat wier och wichteg, fir datt d’Spideeler dono net géifen iwwerlaascht ginn, esou nach de Castor Aguilera Directeur des Soins am Reseau Help.
Urgencen an der Zithaklinik bleiwen haut zou
D’Hopitaux Robert Schumann deelen da mat, datt aus technesche Grënn d’Urgence an der Zithaklinik haut zou bleift. D’Spidol um Kierchbierg an de Center Hospitalier garantéieren d’Urgencë fir d’Regioun Zentrum.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mam medezineschen Direkter vum CHEM