All zweete Jonken tëschent 16 a 24 Joer fillt sech duerch sozial Medie gestresst
Déi sozial Medie si stresseg fir déi Jonk. Dat empfannen d'Hallschent vun de Jonken tëschent 16 a 34 Joer, esouwuel Männer wéi Fraen. Wat d'User méi al ginn, wat de Stress noléisst. Trotzdeem: Fir een Drëttel vun den Internet-User bedeiten déi sozial Medie Stress.
(Foto: picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber)
Bal d‘Hallschent vun den Internet-Usere soen och, datt si online scho mat feindséilegen oder beleidegenden Inhalter konfrontéiert gi sinn. Bei de Jonke sinn dat souguer 60 Prozent.
Am meeschte gi Leit op de Soziale Medien attackéiert wéinst hirer Meenung, duerno wéinst hirer Origin, hirer sexueller Orientéierung, hirer Relioun an hirem Geschlecht.