Gesondheetskeess

D'CNS warnt viru falsche Krankeschäiner ouni richteg medezinesch Consultatioun

Op verschiddenen Online-Plattforme géife Certifikaten ugebuede ginn, ouni richteg medezinesch Consultatioun. Dobäi wier ee Certificat médical nëmme gülteg, wann e vun engem richtegen Dokter verschriwwe gëtt.

auto_stories

1 min

Dokter | © Bigstock
Dokter (Foto: Bigstock)

Och misst ee perséinleche Kontakt tëschent Dokter a Patient stattfannen, fir datt ee Krankeschäin gülteg ass, esou d'CNS.

Si erënnert drun, datt ee fir d'Fälschung vu Cartifikate fir eng Incapacité de travail héich Geldstrofen, an esouguer Prisongsstrofen, ka riskéieren.