Obwuel just 20 Betten zur Dispositioun stinn, hunn 53 Patiente missen opgeholl ginn. Ee groussen Deel dovu wieren eeler Leit a Mënschen ouni festen Daach iwwer dem Kapp, déi mat Iwwerhëtzungssymptomer an d'Urgencë komme géifen.
Hëtztwell a Frankräich
D'Urgencë vum Pompidou-Spidol zu Paräis schloen Alarm wéinst Iwwerlaaschtung
Eent vun deene gréisste Spideeler zu Paräis schléit wéinst Iwwerlaaschtung Alarm. Duerch d'Hëtztwell, déi Frankräich massiv trëfft, wieren d'Urgencë komplett iwwerlaascht.
auto_stories
1 min
(Foto: EPA/YOAN VALAT)