Observatoire national santé

D‘lescht Joer goufen et zu Lëtzebuerg véier Spidolsbetter pro 1.000 Awunner:innen

Dat ass ongeféier de selwechte Ratio wéi 2023. Am Ganze ginn et 2.686 Better an den 10 Klinicken hei am Land, dovu ronn 2.050 Akut-Better. An da kommen nach emol 630 Better fir ambulant Hospitalisatiounen dobäi.

auto_stories

1 min

© Cstock / Bigstock
(Foto: Cstock / Bigstock)

Fir dëst Joer sollen d‘Kapazitéiten eropgesat ginn. Et si ronn 1.000 weider Spidolsbetter autoriséiert ginn, a 500 méi Akut-Better. 

D'Unzuel un duerchgefouerte Mammografien ass tëschent 2023 an 2025 och weider an d'Luucht gaangen, ëm ronn 14 Prozent. Déi meescht dovun, nämlech 51,8 Prozent, goufen am Kader vum Depistage-Programm gemaach. Dobäi ass och d'Waardezäit erofgaangen, vu ronn 56 Deeg am Joer 2023 op just nach 25 Deeg am Joer 2025. 

Méi genotzt gouf och den IRM. Ëm bal 39 Prozent op am Ganzen 108.588 IRM-Examen ass déi Aktivitéit bannent zwee Joer geklommen. 

Och d‘Zuel vun de Spidolsdokteren an an d‘Luucht gaangen, ëm bal 44 Prozent an de leschten zéng Joer. Am Moment ginn et iwwer 1.500 Dokteren an de Klinicken. Am Spidolssecteur schaffe bal 10.500 Salariéen, och déi Zuel ass an de leschten 10 Joer staark geklomm, ëm 25 Prozent.