Déi technesch Unitéit vun der Police judiciaire soll déi genee Doudesursaach ermëttelen. De Parquet huet eng Autopsie ugefrot.
Éischt Interventioun an der Mëttesstonn
Den Obdachlose gouf der Police e Samschdeg an der Mëttesstonn eng éischter Kéier gemellt, well en an der praller Sonn géif schloen. Eng Patrull wier dohinner gefuer, ma aus Siicht vun de Beamte wier dem Obdachlose säi gesondheetlechen Zoustand net besuergneserreegend gewiescht, et wier him den Ëmstänn entspriechend gutt gaangen an en hätt keng weider Hëllef gebraucht.
Dofir wier och keng Ambulanz geruff ginn. Well den Obdachlose kee gestéiert hätt an och keen Agank blockéiert hätt, hätt d‘Police kee méi groussen Handlungsspillraum gehat fir eppes ze ënnerhuelen, heescht et weider.
Zweet Meldung um Owend
Ma wéi déi selwecht Persoun géint hallwer 7 Owes eng zweet Kéier gemellt gi wier, wier se net méi uspriechbar gewiescht. D‘Ambulanz wier geruff ginn an et wieren e puer Patrull sur place komm, mee de Mann wier schonn dout gewiescht.
Police dementéiert verschidde Medieninformatiounen
D‘Police dementéiert iwwerdeems d‘Medie-Meldungen, datt déi selwecht Patrull Mëttes wéi Owes sur place gewiescht wier an datt méiglech Zeien net mat der Press dierfte schwätzen.