Kritik u Klimapolitik

Déi Lénk fuerderen national Strategie fir Hëtztwellen

Déi Lénk kritiséieren d‘Klimapolitik vun der Regierung am Zesummenhang mat der aktueller Hëtztwell schaarf. An engem Communiqué bezéien si sech dobäi op den Doud vun engem 75 Joer ale Sans-abris leschte Weekend an der Stroossbuerger Strooss an der Stad.

auto_stories

1 min

D'Organisatioun gesäit doran net nëmmen en trageschen Eenzelfall, mee e politescht Versoen op verschiddenen Niveauen. Si mécht d'Regierung fir eng net genuch ambitiéis Klima- an Adaptatiounspolitik verantwortlech a kritiséiert, datt d'Verantwortung ëmmer méi op den Eenzelne verluecht géif ginn.

Fuerderunge fir besser Schutzmesuren

Gefuerdert ginn ënner anerem eng national Strategie géint d'Auswierkunge vun Hëtztwellen, méi Schutzmoossname fir Aarbechter:inne bei héijen Temperaturen, eng Vergréngung vun den Uertschaften an e spezielle Summerplang fir Sans-abrisen. Ausserdeem kritiséieren déi Lénk, datt d'Politik vis-à-vis vun obdachlose Mënschen, deenen hir Situatioun nach verschlëmmere géif.

D’Oppositiounspartei warnt, datt Hëtztwellen an Zukunft nach méi Affer kéinte fuerderen, wann net séier reagéiert gëtt.