Nation Branding

Fort vum Finanzplaz-Image: Wéi vill Succès hat "Let's Make It Happen" bis elo?

“Let’s Make It Happen” – Dësen Nation-Branding-Slogan feiert säin 10. Anniversaire. D'Zil war et – an ass et nach ëmmer – den Image vu Lëtzebuerg no baussen ze verbesseren. Mee huet dat geklappt? A kann een dat iwwerhaapt moossen?

auto_stories

3 min

headphones

14 min

D'Beryl Koltz | © Jo Diseviscourt play_arrow
D'Beryl Koltz (Foto: Jo Diseviscourt)

10 Joer no der Aféierung vum Slogan “Let’s Make It Happen” huet de Wirtschaftsministère eng nei Campagne virgestallt. Dëst ënner dem Motto “Luxembourg: 10 years, 10 letters”.

All Buschtaf vum Wuert ‘Luxembourg’ soll mat engem Atout vu Lëtzebuerg verbonne ginn. D’Zil ass et, datt d’Leit sech déi Atouten op eng spilleresch Aart a Weis uneegnen, erkläert d’Beryl Koltz. Si ass zënter 6 Joer responsabel fir den Nation Branding am Wirtschaftsministère.

Ënnerscheed tëschent der lëtzebuergescher an der internationaler Communautéit

Verschidde Leit géingen d’Atouten natierlech scho verkierperen, seet si. Anerer wiere sech dees vläicht nach net esou bewosst.

“Et geet ëm déi lëtzebuergesch Communautéit, ëm déi international Communautéit. Datt déi sech bewosst sinn, wéi eng Atoute Lëtzebuerg huet. Ech mengen, datt déi international Communautéit sech deenen Atoute méi bewosst ass wéi Lëtzebuerger.”

Hanner all deem stécht eng Multiplikatiounslogik. All d’Leit gi quasi Ambassadeuren.

Fort vum Finanzplaz-Image

Den Nation Branding zu Lëtzebuerg ass nach relativ jonk. D’Iddi ass déi, datt d’Bild, wat e Land sech no baussen hi gëtt, gesteiert gëtt.

D’Beryl Koltz betount, datt et Etüde ginn déi beweisen, datt d’Reputatioun vun engem Land en direkten Afloss op seng Attraktivitéit fir Talenter, Investitiounen an Touristen huet.

“Et ass méi wichteg wéi jee, datt wouergeholl gëtt, wie mir sinn a wat eis ausmécht.”

De Wirtschaftsminister Lex Delles sot bei der Presentatioun vun der neier Campagne och, datt et wichteg wier ze weisen, datt Lëtzebuerg net just eng Finanzplaz ass. E schlechten Image?

“Eis Aarbecht ass fir déi Perceptioun ze verdéiwen, ze weisen, datt et e richtegt Land ass mat enger Geschicht, Kultur an enger eegener Sprooch. (...) De Fokus läit drop, Lëtzebuerg ze vermënschlechen, d’Leit an der Vierdergrond ze stellen.”

Wéi gëtt de Succès vum Nation Branding gemooss

Et ass e schmuele Grat tëschent Nation Branding a Propaganda. Dat weess och d’Beryl Koltz. Déi geléiert Filmregisseurin seet awer, datt een ëmmer de roude Fuedem betruechte muss. “Et geet drëm ze federéieren”.

De Succès vun Nation Branding léisst sech nëmme schwéier moossen, mee et ginn awer e puer Unhaltspunkt. Esou goufen zum Beispill 2019 an 2025 zwou Ëmfroen iwwer den Image vu Lëtzebuerg an de 6 selwechte Länner duerchgeféiert. Do hätt een eng Progressioun festgestallt.

E weideren Indicateur ass d’Zuel vun Acteuren, déi Deel vum Nation Branding ginn.

“Beim leschte Plan d’action 2021, do waren 13 Acteure mat agebonnen. (...) Elo sinn et der 43. Dat ass eng Croissance vun 200 Prozent.”

Acteure mat abannen heescht, datt déi zum Beispill déi visuell Identitéit vum Nation Branding unhuelen. Rezent Beispiller si Luxembourg for Finance oder Work in Luxembourg.

D'Promotioun vum Land am Vierdergrond

D’Beryl Koltz ënnersträicht, datt dat wichteg fir de Lëtzebuerger Optrëtt no baussen ass. Et géing méi koordinéiert a professionell wierken.

“Dat ass eng économie des moyens. Wa si eis Produite benotzen, da gëtt dat en eenheetlecht Ganzt.”

D’Mark dierf allerdéngs net fir kommerziell Zwecker benotzt ginn. D’Promotioun vum Land muss ëmmer am Vierdergrond stoen, esou nach d’Beryl Koltz.

Lauschterenplay_arrow