An der Montée de Clausen war d'Police wéinst engem Sträit geruff ginn. Wéi si op d‘Plaz koum, huet si e Mann fonnt, deen déif Stéchwonnen am Réck hat. D‘Police konnt kuerz drop zwee Verdächteger identifizéieren. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.
Um Lampertsbierg an der Stad gouf et gëschter Owend och eng Messerpickerei tëschent zwou Persounen, bei där eng Persoun liewensgeféierlech um Hals blesséiert gouf. Zwee Verdächteger goufe festgeholl.
D‘Police sicht no Zeien: Wien Informatiounen iwwer deen Tëschefall oder iwwert d‘Täter huet soll d‘Police um 113 kontaktéieren.