D‘CSL begréisst, ënner anerem, datt déi automatesch Indexatioun vun de Familljeleeschtunge rëm agefouert gouf, fuerdert awer, datt dat och fir d‘Allocation de naissance a fir d’allocation spéciale supplémentaire misst gëllen.
D‘CSL bedauert och, datt souguer mat der Augmentatioun vun deene Prestatiounen nach ëmmer vill Famillen net genuch hu fir an Dignitéit ze liewen, dat wier fir e Land wéi Lëtzebuerg, inacceptabel.
D‘Chambre des Salariés bedauert och, an hirem Avis, datt Leit, déi eleng liewen oder Koppelen ouni Kanner, praktesch guer net vun der Reform profitéieren. Dobäi géife grad déi Leit am Moment e groussen Deel vun deenen ausmaachen, déi sozial Hëllefen ufroen.