Lokal

Nei Besoinen duerch Hëtzt: Stauséigemeng fuerdert nei Verhalensreegele fir de Stauséi

Am Kader vun der Brandgefor an der Dréchent um Stauséi fuerdert de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng eng Reevaluatioun vun de Verhalensreegelen. Déi aktuell Reegele ronderëm de Stauséi ginn op d'Covid-Pandemie zeréck.

auto_stories

1 min

A Covid-Zäiten hat sech eng Kommissioun aus verschiddene Gemengeréit, dem CGDIS, der Police an der Administration des ponts et chaussées zesummegesat, a Reegelen ausgeschafft. 

Déi rezent Hëtztwelle géifen awer nei Besoine schafen, op déi déi eenzel Gemenge verschidde géife reagéieren, esou de Marco Koeune, Buergermeeschter vun der Stauséigemeng am 100,7-Interview.

"Mir wäerten och den Hierscht, wa mer dann de Briefing maachen zur Saison, och kucke wéi mer do ee gemeinsaamt Reglement kréien, datt an deenen dräi Gemengen dann och soll synchron sinn."

"D'Reglement muss juristesch d'Spuer halen"

De Moment géif een et net hikréien, e Reglement opzesetzen, dat juristesch d'Spuer hält, esou de Marco Koeune. De Schäfferot kéint zwar d'urgence ee Reglement verfaassen, dëst hätt awer just  eng Gültegkeet vun 72 Stonnen. 

"Menges Wëssens no, an da muss et nach esou ficeléiert ginn, datt et och juristesch d'Spuer hält"

Soss wier heinsdo d'Police gehäit, wa si beispillsweis Leit um Terrain protokolléiert op Basis vun engem Reglement wat juristesch net d'Spuer hält.

Zu der Stauséigemeng am Nordweste vum Land gehéieren insgesamt aacht Dierfer, dorënner Béiwen, Harel, Noutem oder och nach Léifreg.