Waasserverwaltung

Wéinst Bloalgen: Et dierf een net méi am ieweschte Séi zu Wäiswampech schwammen

D'Waasserverwaltung mellt, datt Bloalgen am ieweschte Séi zu Wäiswampech fonnt goufen. Vun elo un a bis op Weideres dief een do net méi schwammen.

auto_stories

1 min

© Lac de Weiswampach
(Foto: Lac de Weiswampach)

Et soll een ënner anerem och Déieren net aus dem Waasser vum Séi drénke loossen, all Kontakt mam Waasser evitéieren a kee Fësch aus dem Séi iessen.

Bloalge kënne bei Mënsche Symptomer ausléise wéi Kappwéi oder Ausschlag. Eenzele Leit gëtt et och einfach schlecht.