Police

Affer a Liewensgefor: Zeienopruff no Kläpperei zu Dikrech

D'Police sicht no Zeien no enger schwéierer Kläpperei, déi sech den 19. Juli géint 03:45 Auer bei der Aaler Seeërei zu Dikrech ofgespillt huet. No den éischten Informatioune soll e Grupp vu ronn 15 bis 20 Persounen op eng eenzel Persoun ageschloen hunn.

auto_stories

1 min

© Ilona Lablaika / Bigstock
(Foto: Ilona Lablaika / Bigstock)

D'Affer gouf bei der Attack schwéier blesséiert a misst an d'Spidol bruecht ginn. Der Police  no ass d'Persoun nach ëmmer a Liewensgefor.

Police freet no Fotoen a Videoe

D‘Police judiciare rifft Zeien op, eventuell Fotoen oder Videoe vun der Dot iwwer eng Upload-Plattform vun der Police zur Verfügung ze stellen. Aner Informatioune kënnen direkt un d'Police judiciaire weidergeleet ginn.