Insgesamt waren 12 Polizist:innen un der Kontroll bedeelegt.
Zwee Geschäfter haten néideg Geneemegungen net
Bei der Kontroll vun zwee Geschäftslokaler huet sech erausgestallt, datt dës net déi néideg Autorisatiounen Haten.
An de Raimlechkeete goufen och boer Sue séchergestallt. Déi zoustänneg Autoritéite leeden elo déi néideg weider Schrëtt an.
Ofgelaf Liewensmëttel entsuergt
Am Kader vun der Kontroll goufen och 50 Kilo ofgelaf Liewensmëttel fonnt. Dës goufen entsuergt.
Ausserdeem goufen zwou Persounen ugetraff, déi net uerdnungsgeméiss beschäftegt waren. E Protokoll gouf erstallt.