Mat hirem Plan Canicule wëllt d’Gemeng Déifferdeng hire ronn 32.000 Awunner:innen a Periode vu grousser Hëtzt entgéint kommen. De Plang riicht sech virun allem u vulnerabel Persounen, wéi den LSAP-Buergermeeschter aus der Süd-Gemeng Guy Atlmeisch erkläert.
"Dat ass fir Urgencen fir alleguerten déi vulnerabel Leit, déi e Besoin hunn, fir eng Plaz ze fannen, wou et méi kill ass wéi dat, wou se sech am Alldag ophalen."
Klimatiséierten Openthaltsraum
Wie sech net gutt fillt wärend enger Hëtztwell ka bei der Gemeng uruffen a gëtt – wann néideg – an de Sportzenter John-Scheuren zu Uewerkuer gefouert. All Dag vun 11:00 Auer Moies bis 19:00 Auer owes bitt d’Gemeng hei en encadréierten a virun allem klimatiséierten Openthaltsraum un, an deem een a Rou d’Zäit ëmkritt.
"Wéi zum Beispill Wi-Fi-Beräich, déi Plaz, wou d'Leit sech kënne sëtzen, wou se sech kënne leeën, wou se e bësse Fernsee kënne kucken, wou se e bësse kënne liesen, wou se frëscht Waasser zerwéiert kréien."
No an no sollen änlech Offeren och an aneren Deeler vun der Gemeng ugebuede ginn, esou den LSAP- Buergermeeschter.
"Mir hunn un eis Bibliothéik geduecht, mir hunn eis e Site rausgesicht um 1535, wou mer amgaange sinn, logistesch a baulech ze amenagéiere fir deene Leit déi Hëllef an Ënnerstëtzung brauch, fir een dat kënnt do op der Plaz ze offréieren."
Schoulhäff solle gréng ginn
Nieft engem Plan Canicule misst een awer och aner Mesurë géint de Klimawandel ergräifen, esou den LSAP-Buergermeeschter, zum Beispill um Niveau vun de Schoulhäff.
"Soss si mer als Schoulkanner heemgaangen, hate mer d'Plooschteren op de Knéie. Elo hätte mer, datt d'Schoulkanner heem ginn an déi hu gréng Boxen, gréng Flecke vum Gras op hire Boxen."
Aus den asphaltéierte Schoulhäff wéilt ee gréng Häff maachen.
"Doduerch, datt mer Hecken do setzen, datt mer Wisen integréieren, Gréngflächen integréieren an d'Schoulhäff. An net nëmme Gréngflächen, mee och Waasserspiller."
De Buergermeeschter präziséiert nach datt den Déifferdenger Plan Canicule sech un all d’Bierger:inne riicht an et also keng Altersgrenz gëtt, anescht wéi bei deem vum Santésministère, dee fir Persounen iwwer 75 Joer gëllt.