Si bieden d‘Leit, nëmmen ofgeséchert Grillberäicher ze notzen, oder op enger haarder Surface ze grillen, a net um Wuess oder bei Hecken a Beem. Op de Plagë wier et verbueden, direkt um Buedem ze grillen.
De Buergermeeschter vun der Stauséigemeng Marco Koeune erkläert am 100,7-Interview, datt de Risiko géif weider bestoen, och wann een et verbidde géif.
"Mir sinn eis alleguerte bewosst, datt et eebe ganz geféierlech ass, zemools wa vill Leit vu baussen erakommen, déi natierlech hir Fräizäit wëllen ëm de Stauséi verbréngen, och wëlle grillen.
Esou ee Verbuet misst jo och kontrolléiert ginn, gëtt de Marco Koeune ze bedenken.
"Natierlech kann ee soen, mir verbidden alles, dann ass dee Risiko trotzdeem do, datt et gemaach gëtt, well wann ee vu Bréissel heihinner wëllt kommen, deen huet seng Killtäsch derbäi, dee wëllt grillen. Wann och hei de Grill zou ass, jo da misste mer genuch Personal zur Plaz hunn, déi dat permanent iwwerwaachen. Dann hu mir éischter d'Approche gehat, léiwer op deene fest virgeriichte Stellen ze grillen."
Gemenge wëlle besser Koordinatioun
Weider appelléiere béid Gemengen un Automobilisten: Si sollte keng Zigaretten aus der Fënster an d‘Natur puchen, an et sollt een Autoen net op dréchenem Gras parken, well e Feier schonn duerch ee waarmen Auspuff kéint ausgeléist.
Schliisslech plädéiere Bauschelt an d‘Stauséigemeng fir méi Kohärenz bei de Reegelen. Et bräicht een eng besser regional Koordinatioun a Kommunikatioun vun de Mesuren, esou de Communiqué.