Haut virun 285 Joer huet den däitsch-englesche Komponist Georg Friedrich Händel säi wuel berüümtst Wierk fäerdeg geschriwwen: den Oratorium "Messiah". Den Händel, deen de Beethoven emol “de gréisste Komponist, dee jeemools gelieft huet” genannt huet, huet domat eent vun de meeschtgespillte Stécker aus der klassescher Musek iwwerhaapt geschriwwen.
Wat un dëser Geschicht wierklech erstaunlech ass: den Händel huet an nëmmen dräi bis véier Wochen déi ganz Musek fir säin Oratorium komponéiert – dat ëmfaasst dräi Deeler, vu ronn zwou an enger hallwer Stonn Musek. Vu moies bis owes, soen Historiker vum Handel House Museum zu London, huet den Händel dru geschafft.
D’Première vum “Messiah” war zu Dublin am Joer 1742 am Kader vun engem Concert fir de gudden Zweck. Den Händel huet säin Undeel un de Recetten ënner anerem un e Prisong an un e Spidol zu Dublin gespent.
Interessant ze wëssen ass, datt hien de ganze “Messiah” op Englesch geschriwwen huet. Dat war deemools eppes Ongewéinleches, well Oratorien normalerweis op Italieenesch, Däitsch oder Latäin waren. Just een eenzegt Wuert huet hien onverännert am Original gelooss: “Hallelujah”- dat ass Hebräesch, an heescht sou vill wéi ‘Lueft den Här’.
Bal 300 Joer méi spéit ass de “Messiah” ëmmer nach ee vun de meeschtgespillte Wierker aus der klassescher Musek iwwerhaapt – komponéiert vun engem Mann, deen a knapp engem Mount méi Musek geschriwwen huet wéi munch een an engem ganze Liewen.