Haut, den 11. September 2026, ass de 91. Gebuertsdag vum Arvo Pärt. De Komponist, gebuer zu Paide an Estland, hat selwer a senge fréiere Joren um Radio geschafft. Als Tountechniker huet hien sech also fir d'éischt hanner de Kulissen ëm d'Musek gekëmmert, ier hie selwer seng mëttlerweil bekannte Wierker geschriwwen a verëffentlecht huet.
Säi Wee als Komponist war awer alles anescht wéi einfach. An der Sowjetunioun, wou hien zu där Zäit gelieft huet, war hien e richtege Rebell an der Musekswelt. Hien huet ëmmer nees nei an ausfälleg Saache probéiert, an domat d'Autoritéiten zimmlech genervt. Verschidde Wierker vun him, an deenen hien iwwer säi Glawe schwätzt, goufe souguer verbueden, well Relioun net gär gesi war.
No enger 10-järeger Paus ass hien du mat sengem ganz eegenen, onverwiesselbare Stil opgetrueden. An där Zäit ass ee vu senge bekanntste Stécker aus där Zäit, de "Spiegel im Spiegel", entstanen.
Säi Gebuertsdag feiert een an Estland mëttlerweil richteg grouss - mat Concerten a sengen Heemechtsstied a souguer engem klengen eegene Festival. An zum Schluss nach e schéinen Detail: den Arvo Pärt gelt zënter Joren als de meescht gespillte, liewege Komponist op der Welt, nach viru Leit wéi dem John Williams.
Domadder soe mir alles Guddes fir däi Gebuertsdag, Arvo Pärt!